Fest vun der Heemecht – Beneficeconcert 08.11.19

D’Fest vun der Heemecht ass e Lëtzebuerger Owend dee weist, dass eis Sprooch an eis Kultur do ass fir Brécken ze schloen, an net fir d’Leit ze trennen, ob am Hiphop vun De Läb, am Folkrock vu Legotrip oder an der 20er Joren Chanson vun de Cojellico’s Jangen. D’Heemecht ass net méi dat, wat se mol war. Si ass elo eng multikulturell Gesellschaft, an där d’Kulturen allerdéngs ze dacks niefteneen, amplaz matenee liewen. An da sinn an de leschte Joren nach Mënschen derbäi komm, déi guer keng Heemecht méi hunn, oder déi an hirer Heemecht net méi doheem kënne sinn. All zesumme maache mir eis nei Heemecht aus. An dofir ass den interkulturellen Dialog méi néideg wéi ëmmer.

Kommt bis laanscht op eise Beneficeconcert, den 3. November am Atelier fir eist “Fest vun der Heemecht.” Et sinn dräi Gruppen déi, jiddereen op seng ganz eege Manéier, op Lëtzebuergesch zum Dialog tëscht de Kulturen bäidroen. 

Ticketen hei